Buergbrennen zu Housen

Och am Joer 2018 huet di Houser Jeunesse traditionell op Buergsonndeg hier Buerg opgeriicht a gebrannt.

Mat der Hëllef vun de "Frënn vun der Buerg", ass domat och 2018 dës flott Traditioun um Liewen erhal ginn.

Bei sonnegem Wieder ass sonndes moies ee flott Kräiz gebonn, an bei gudder Stëmmung opgeriicht ginn.

Owes ass dann d'Buerg gebrannt ginn.

Bei engem leckeren Ierbsebulli an engem Patt gouf sech vum Wanter verabschid.