Fraen a Mammen vun Housen weise Solidaritéit

Hier éischt „richteg“ Generalversammlung zanter dem Mäerz 2019 haten d’Fraen a Mammen vun Housen viru Kuerzem als Geleeënheet genotzt, fir aus dem Erléis vun hiere Bastel– a Stréckaktivitéiten en Don an Héicht vu net manner wéi 1.000 Euro un d’ONG “Enfants défavorisés de l’île de Madagascar” ze iwwerreechen.


Déi 2015 gegrënnte Vereenegung beméiht sech an der ländlecher Regioun vu Brickaville drëms, de Kanner a wierdege Konditiounen Zougank zu enger Schoulbildung ze verschafen, mee och e lokalen a nohaltege Commerce ze entwéckelen. Den Ament këmmert ee sech esou ëm 5 Schoulen an der Regioun, an deenen ënner anerem Schoulkantinen ageriicht goufen, déi sech mat hiere Geméisgäert oder klenge landwirtschaftlechen Häff selwer versuergen. Dës Weidere ginn an de Schoulen awer och Projete fir d’Elektrifizéierung oder och fir d’Ariichte vu Pépinière weidergedriwwen, fir dem Ofholze vun de Bëscher entgéintzewierken.


D’Vertrieder vun der ONG hunn déi Houser Fraen a Mammen och op hiere Sensibiliséierungsdag de 9. Juli am Centre culturel zu Rammerech invitéiert, wat de Comité ronderëm d’Margit Baulesch och mat groussem Interessi opgeholl huet. (jl)