E Sonndeg den 21 Dezember hat d'Chorale Ste Cécile vun Hueschtert hiren traditionelle Chrëschtconcet ënner der Direktion vum Laurent Karels, um Piano de Stefan Dorneanu.Nom Concert huet d'Gemeng Nideraanven den Eirewäin offréiert. Bei dëser Geleënheet konnte mir dem Dr. Thill e Scheck vun 2500 € fir "Médecins du monde Luxembourg" iwerreechen.