De 4. November war déi drëtt a lescht Gebuertsdagsfeier fir 2026 an der Maison des Aînés um Houwald. Mat enger gudder Kippchen a Gebuertsdagskuch huet d'Amicale zesumme mat de Jubilare gefeiert. Mam Jemp a Jeannot hu mir gesongen a souguer gedanzt. Natierlech hat d'Amicale och fir all Gebuertsdagskand e klénge Kaddo.