E Mëttwoch den 11. Mäerz war et erëm souwäit!
Zesumme matt der Amicale gouf de Gebuertsdag vun de Bewunner déi vum Januar bis Abrëll gebuer goufe gefeiert! Fir musikalesch Animatioun waren den ,,Jemp a Jeannot'' am Haus an hu fir gutt Stëmmung gesuergt!
Matt flotter Musek, engem Patt Schampes an natierlech bei engem gudde Stéck Gebuertsdagskuch hunn d'Gebuertsdagskanner an hir Gäscht sech super amuséiert! An all d'Jubilaren hunn och eng Klengegkeet geschenkt krut.