Gebuertsdagsfeier an der Maison des Aînés "Beim Klouschter" Howald

E Mëttwoch de 15. Juni war dëst Joer déi zweet Gebuertsdagsfeier fir 35 Bewunner déi tëschent dem 1. Mee an dem 31. August gebuer goufen. Trotz der Hëtz war et e flotten Nomëtteg, de Jemp an de Jeannot hu fir d'Stëmmung gesuergt a mat hinnen hu mir gedanzt a gesongen. Natierlech hu weder d'Kippchen nach de Gebuertsdagskuch gefeelt. Selbstverständlech krut och all Gebuertsdagskand e Kaddo vun der Amicale iwwerreecht.