Wärend de Wanterméint gëtt am Club Haus op der Heed fläisseg am Benevolat fir de gudden Zweck geschafft.
Aus Wollreschter zauberen 15 Dammen wonnerschéin nei Saachen. Mat vill Fantasie, Motivatioun a Kreativitéit gëtt rëm eppes Brauchbares hiergestallt, woumat een aneren eng Freed maache kann.
Dëse Wanter hunn si Mutzen, Händchen, Strëmp, Decken an Schaler un ADRA Luxembourg a.s.b.l. gespent. Fir 26. Kéier mécht ADRA mat hirer Aktioun „een Iwwerraschungspak fir Chrëschtdag“, Weesekanner a Bulgarien eng Freed. Kanner kréien ee Pak, wou fir all Kand och Mutzen, Schaler an Händche sollen dra sinn. Duerfir freet sech ADRA iwwert déi gestréckte Saache vun de Benevollen. Alles gëtt nach dëst Joer mat bei Weesekanner a Bulgarie geholl.