Benevollen aus dem Club Haus op der Heed spenden fir d’Associatioun Alupse

Iwwert d’lescht Joer an d’Wanterméint vun dësem Joer huet Stréck- an Heekelgrupp vum Club Haus op der Heed zu Hëpperdang fläisseg fir de gudden Zweck geschafft.

Dëst Joer gouf den Erléis vun hire Konschtwierker un Alupse Bébé gespent.

Mat vill Léift zum Detail an am Benevolat heekelen an strécken Dammen säit Joren originell Déierefiguren, déi dann un Frënn an Bekannter awer och op Mäert, am ClubHaus op der Heed an och an engem Coiffeurssalon an der Regioun verkaaft ginn.

An dem speziellen leschte Joer hunn si sech donieft och nach engagéiert fir Masken an Adapterstécker fir d‘Masken ze bitzen, déi si an der Ëlwenter Apdikt verkaaft hunn.

Am Ganzen koumen 3000 Euro Spend beieneen.

No engem flotten Austausch an interessanten Erklärungen iwwert d‘Associatioun Alupse, gouf de Scheck, an Presenz vun den Benevollen an hiren Leederinnen Jeanny Hentz an Christiane Meyer souwéi der Chargée de direction vum Club Haus op der Heed Tania Draut, un den Dr Seligmann, President vun Alupse, iwwerreecht.