Benevollen vum Club Haus op der Heed spenden 3000 Euro fir d’Wonschkutsch

Iwwert d’Wanterméint vun dësem Joer huet Stréck- an Heekelgrupp vum Club Haus op der Heed zu Hëpperdang fläisseg fir de gudden Zweck geschafft.

Dësen Dezember gouf den Erléis vun hire Konschtwierker un d‘Wonschkutsch gespent.

D‘Wonschkutsch ass eng Asbl an der eng Equipe vu Benevollen, Mënschen an enger palliativer Situatioun ee leschte Wonsch erfëllt.

Mat vill Léift zum Detail an am Benevolat heekelen an strécken Dammen säit Joren originell Déierefiguren, déi dann un Frënn an Bekannter awer och op Mäert, am Club Haus op der Heed an och an engem Coiffeurssalon an der Regioun verkaaft ginn.

Obwuel si nik, wéi déi Joren virdron, d’Méiglichkeet haten op souvillen Plazen auswäerts hir Wierker ze verkofen, koumen am Ganzen 3000 Euro Spend fir dësen gudden Zweck beieneen.

Wärend engen Infoowend am Club Haus op der Heed zu Hëpperdang goufen et interessant Erklärungen iwwert d’Wonschkutsch an hiren Asaz fir d‘Leit.

De Scheck konnt dunn no engem flotten Austausch, an Presenz vun den Benevollen an hiren Leederinnen Jeanny Hentz an Christiane Meyer souwéi engem Vertreter vum Club Haus op der Heed, un d’Madamm Lea Baulesch, Vertrieder vun Wonschkutsch, iwwerreecht gënn.