Kommiounskanner aus der Por Saint Benoît Cliärref baken Brout

E Samschdeg den 26. März vun 13:30 bis 15:00 Auer war am Club „Haus op der Heed“ zu Hëpperdang fir d’éischt eng kleng Kateches ënnert der Leedung vun der Madamm Josée Simon an duerno hunn Kanner zesumme Brout gebak.

Mat der Uleedung vun der Madamm Marlen Schanck hunn d‘Kommiounskanner aus der Por Saint Benoît d’Brout selwer hiergestallt an konnten dëst owes genéissen.