Kommiounskanner aus der Por Saint Benoît Cliärref baken Brout

E Samschdeg den 25. Mäerz hunn sech d’Kommiounskanner aus der Por Saint Benoît Cliärref am Club „Haus op der Heed“ zu Hëpperdang getraff fir mateneen Brout ze baken.

No der Kateches ënnert der Leedung vun der Madamm Josée Simon-Clesen hunn Kanner, mat der Ënnerstëtzung vun der Madamm Marlen Schanck, Brout gebak.

Um Ënn konnt jiddereen eppes vum Brout mathuelen fir dëst owes doheem mat der Famill ze iessen.