Konferenz "Hanf (CBD) an eis Gesondheet"

De Club „Haus op der Heed“ huet am November op eng Konferenz zum Thema CBD mam Dr. Serge Schneider, President vu Cannamedica an dem Dr. André Steinmetz vu Cannad’Our invitéiert.

Iwwer 80 Leit hunn de Wee op Hëpperdang fonnt fir sech iwwert dëst aktuellt Thema ze informéieren an den Expert’en hir Froen ze stellen.

Zu Kaalber gëtt säit iwwer 20 Joer Hanf ugebaut an Hanf-Produkter hiergestallt.

Den CBD (Cannabidiol) ass eng vun de bio-aktiven Komponenten aus dem Hanf. En ass relativ heefeg a verschiddene Varietéiten vun industriellem Hanf. Am Géigesaz zum THC (Tetrahydrocannabinol) ass de CBD net psychoaktiv. En huet eng positiv Wierkung op vill Krankheetsbiller, wierkt besonnesch op d'Immunsystem an d'Nervesystem.

Am Sënn vum liewenslaangen Léieren bitt de Club „Haus op der Heed“ och weiderhin Konferenzen, Informatiounsowender an Workshops zu aktuellen an villfältegen Themen un.