D' Lënster-Rout-Kräiz-Sektioun erënnert un de Wally Fiedler an de Jemp Hinkel

Den neie President Nico Lux war frou, eng ganz Rëtsch vun de Membre aus der Rout-Kräiz-Sektioun vu Lënster an der Generalversammlung begréissen ze kënnen. A senger Usprooch huet hien déi immensVerdéngschter vun de verstuerwene Membren, dem President a Keessier Wally Fiedler an dem Jemp Hinkel hervirgehuewen. Hiren Doud huet grouss Wonnen am Veräin hannerlooss, déi net esou séier wäerte ganz geheelt sinn. Hien huet sech awer erfreet gewisen, datt de Comité elo erëm komplett ass duerch déi nei Membren Nico Lux a Sonja Jungbluth-Thill. Säi Merci geet un dee fréiere Comité, deen eng gutt Aarbecht geleescht huet, awer och un déi nei Equipe, déi voll Begeeschterung op deen nächsten Asaz waart. De President huet matgedeelt, datt och dëst Jar erëm de Veräin en Don vun 1.250 Euro un d'Rout-Zentral mécht.

De Conseiller Raphaël Schmitz huet op dee perséinleche Kontakt am Veräi higewisen, dee leider déi leschten Zäit, duerch Corna bedéngt, zum Kuerze komm ass. Säi Merci goung un all Membre vun der Sektioun an un d'Quêteuren, déi jarelaang am "Mois du Don" hiren Tour durch d'Gemeng gemaach fir fir d'Rout-Kräiz ze sammelen.

Och den Denis Dimmer ass op déi mannegfachVerdéngschter vum Wally Fiedler a vum Jemp Hinkel agaangen, an hien huet sech zefridde gewisen, datt d'Posten am Comité erëm all besat sinn.

D'Sekretärin war leider séier fäerdeg mam Aktivitéitsbericht, a si huet awer de Wonsch ausgedréckt, datt et 2022 erëm méi Aarbecht gëtt am Interessi vun enger gudder Saach.

D'Keessière Margot Neu huet en detailléierte Rapport virgeluegt, deen zwar positiv war, awer mee bescheide wéi de Jare virdrun. D'Marie-Lou Grethen-Felten huet déi genee Comptabilitéit hervirgehuewen, an doropshinn huet d'Generalversammlung der Keesière Entlaaschtung erdeelt. Neie Member am Comité ass de Sven Fiedler.

D'Danielle Védie an d'Nadine Conrardy , Vertriederinne vum Zentralcomité, sinn op déi vill Aarbecht agaangen, déi an der Lënster Sektioun geleescht gëtt a si hunn déi gutt Zesummenaarbecht mat der Lënster Gemeng hervirgehuewen, an dat op deene verschiddenste Pläng, wéi CIPA, Amicale vum Cipa, lokal Sektioun vum Roude Kräiz, Jugendhaus an de "Club Senior Loupëscht".