Nationale Kommemoratiounsdag zu Jonglënster

Um nationale Kommemoratiounsdag, dee mir de leschte Sonndeg gefeiert hunn, erënnert de Grand-Duché sech un all d’Affer vun der Nazi-Okkupatioun. Dëst Jar, 78 Jar nodeems den Okkupant d’Integratioun vun de jonke Lëtzebuerger an d’däitsch Arméi ausgeruff hat, hu mir erëm virun allem un d’Affer vun der Zwangsrekrutéierung an un d’Affer vum Generalstreik geduecht. Mee dëst Jar hu mir Lëtzebuerger besonnësch de Fraen, Mammen a Meedercher geduecht, déi an deene schwéiere Krichszäiten d’Familljen, awer och d’Gesellschaft zesummegehalen hunn.

Och zu Jonglënster ass den nationale Kommemoratiounsdag op eng gediegen awer ergräifend Manéier gefeiert ginn. Eng feierlech Mass gouf gehale vum Paschtouer Francis Erasmy, déi vum Lënster Gesank – ënnert der Beuechtung vun de Corona-Restriktiounen – ënnert der Leedung vum Luc Nilles gesonge ginn ass. De Laurent Felten huet d’Chorale op der Uergel begleet. All déi Leit, déi do waren, waren ergraff, wéi si zesumme mam Gesank d’Lidd „Ons Tréischterin“, dat de Lënster Jos Buchholtz am Oktober 1943 am Ëmsiidlungslager Boberstein komponéiert huet, gesongen hunn.

No der Mass hunn d’Leit sech beim Monument afonnt, wou d’Nimm agemeesselt si vun de Krichsaffer „Am KZ gestuerwen; als Geisel fir Jonglënster erschoss; an d’Wehrmacht gezwongen a gefall“. De Buergermeeschter Romain Reitz huet déi schrecklech Zäit vum Zweete Weltkrich an Erënnerung geruff, wou och hien d’Leed an de Misär vun de Meedercher, Fraen a Mammen hervirgestrach huet. De Buergermeeschter sot ënnert anerëm a senger Usprooch: „Déi jonk Fraen a Männer hunn hir Fräiheet, dat Wichtegst an enger Demokratie, ewech geholl kritt, an hunn a ville Fäll hiert Liewe gelooss fir d’Heemecht an d’Famill. Si hu mat hirer geliefter Solidaritéit, hirem Asaz fir demokratësch Wäerter, fir Fräiheet, fir de Respekt virum Mënsch, fir de Fridden a Gerechtegkeet, e Grondstee fir de Bäitrag vun eisem Land zur internationaler Staategemeinschaft geluecht.“

Mat dem Ofspille vun der Heemécht duerch d’Lënster Musek hut dës beandrockend Feier hiren Ofschloss fonnt.