Owesmaart am Park vun der Villa Vauban

De Freiden den 19. Abrëll gouf en Owesmaart mat regionalen Produkter an Konschthandwierk am Park vun der Villa Vauban an der Stad organiséiert.

Dëse Maart war eng lieweg Ergänzung zu der Ausstellung vun de Biller vum Petrus van Schendel, déi Maartszenen duerstellen an am Moment am Musée vun der Villa Vauban ausgestallt gin.

De Syndicat d'Initiative aus der Gemeng Jonglënster huet bei der Organisatioun an der Duerchféierung vun dësem Owesmaart gehollef.