Vill Flottes beim "Vide-Dressing"

Den Dësch-Tennis Buerglënster haat nees e "Vide-Dressing" am Centre Polyvalent Gaston Stein organiséiert. Op 100 Stänn gouf et erem eng grouss Auswiel u Gezeih, Schong, Poschen, Bijouen asw. Fir Iessen a Gedrénks war och de ganzen Dag gesuergt. Den nächsten Vide-Dressing fënd am Hierscht den 27. Oktober 2018 statt. Weider Infoe ginn et per Mail: vide.dressing.junglinster@gmail.com