WANTERZAÏT

Lënster: Wanterzäit

Den 22. an 23. November haat de Syndicat d’Initiative aus der Gemeng Jonglënster fir 4. Kéier seng Manifestatioun “Wanterzäit” am Centre Polyvalent Gaston Stein zu Jonglënster organiséiert.

An enger gemittlecher Chrëschtambiance haaten d’Leit, déi d’Geleenheet genotzt haaten, d’Méiglechkeet Cadeauen fir Grouss a Kleng ze kaafen.

D’Auswiel war breed gefächert, et goufen z.B. Cadeauen aus Glas, Holz a Keramik, awer och Krëppen, Likör, Arrangementer, Bijoux’en, Petzien, Kaarten, Luuchten, Kierf, Corbeillen a nach villes mei.

Och dësst Joer haaten erem eng Rei Schoulklassen aus eiser Gemeng hier selwergerëschte Chrëschtbeemercher ausgestalt. Beim Chrëschtbeemerchersconcours hun d’Leit fir hiere Favorit ofgestëmmt. Duerno kennt de Beemchen an d’Schoulklass, wou en elo e puer Wochen d’Kanner an déi richteg Stëmmung wärt brengen. All Schoulklass, déi matgemaach huet, kritt donierwt och nach e Präis.

Wéi schon déi Joeren virdrun, kann e soen dass de Wee op Jonglënster sech gelount haat.