An der Kanner- a Familljemass um Permësknupp denke mir un den hellegen Tarcisius
um weitere Bilder zu sehen.
An enger lieweger Kanner- a Familljemass um Permësknupp (Par Oewersauer Sankt Pirmin) hu mir eis gemeinsam op d'Summervakanz virbereet. D'Glacebulle virum Altor symboliséieren: Dankbarkeet (rout Bull), déi giel als Frischekick fir d'Vakanz a blo als Kugel vum Glawen. Gestäerkt kënne mir elo d'Summervakanz genéissen an e bëssen ofschalte vu Stress, Léieren an dem Alldagshektik.
Gläichzäiteg hu mir un den hellegen Tarcisius erënnert, de Schutzpatréiner vun de Massendénger. D'Mass gouf och zum Gedenken un den Här Chanoine honoraire Jos Weisgerber, laangjäregen Nationalaumônier vun de Lëtzebuerger Massendénger, gefeiert.
Eng Scheckiwwereechnung vun de Kanner aus der Paroisse Öewersauer - St Pirmin u "Chaine de l'Espoir" huet deen offiziellen Deel ofgeschloss. Uschléissend konnte mir all bei engem "Pättchen" mat engem gudde Bréidchen zesumme déi flott Ambiance um Përmesknupp genéissen!
E grousse Merci un all déi, déi dës Feier mat vill Engagement virbereet an duerchgefouert hunn - an net ze vergiessen ee Merci un d'Përmesfrënn fir hir wäertvoll Ënnerstëtzung.
#tarcisiusfeier2026
https://cathol.lu/massendenger