A grousser Dankbarkeet an Trauer huele mir Abschid vum
Chanoine honoraire Jos. Weisgerber
Nationalaumônier vun de Lëtzebuerger Massendénger (1987 - 2013)
Iwwer vill Joren huet hien sech mat groussem Asaz a vill Häerzblutt fir d’Massendénger hei an eiser Diözes an iwwer d’Grenzen eraus engagéiert.
Mat sengem déiwe Glawen, senger stänneger Präsenz a sengem grousse Wësse war hien e wäertvolle Begleeder, e Virbild an e Frënd fir vill Generatioune vu Massendénger.
Him soe mir vun Häerze Merci fir säin onermiddlechen Déngscht an säin treit Engagement am Déngscht vun der Kierch an der Jugend.
Mir behalen hien a dankbarer Erënnerung a biede fir hien.
Hellegen Tarcisius an Hellege Willibrord, biet fir hien.
A chrëschtlecher Verbonnenheet,
d’Lëtzebuerger Massendénger