Nei Iddie fir Massendénger-Responsabel

De Mëttwoch, de 14. Oktober 2026, sinn zu Lëntgen d'Responsabel fir d'Massendénger zesummekomm. Dësen Owend, organiséiert vun de Lëtzebuerger Massendénger, huet d'Geleeënheet gebueden, sech auszetauschen, nei Iddien ze sammelen an déi gemeinsam Aktivitéite fir dat neit Kierchejoer virzestellen. Et ware Vertrieder aus 9 verschidde Paren do.

Um Programm stoungen ënner anerem d’Neiegkeeten aus der Massendéngerzentral. Esou gëtt et fir dat neit Buch „ABC fir Massendénger“ och eng Katechees. Donieft goufe kartonéiert Handziedele presentéiert, déi de Massoflaf an d’Gebieder an der Mass op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch a Portugisesch virstellen. Dann ass och en neit Molbuch erauskomm, dat de jonke Massendénger d’Aufgabe vun de Massendénger ouni Wierder méi no bréngt.
Donieft war et d’Nouvelle, datt d’Demande fir d’Klackelauden op d’Lëscht vum immaterielle Kulturierwe vu Lëtzebuerg ze bréngen, agereecht gouf. E besonneschen Akzent gouf och op den hellegen Tarcisius, de Schutzpatréiner vun de Massendénger, geluecht.

D'Versammlung huet nach eng Kéier gewisen, wéi wichteg den Austausch an d'Zesummenaarbecht tëscht de Pare sinn. D'Massendénger iwwerhuelen net nëmmen e wichtegen Déngscht an der Liturgie, mee erliewen och Gemeinschaft a kënnen an hirem Glawe wuessen. D'Responsabel vun de Lëtzebuerger Massendénger wëllen déi lokal Responsabel dobäi weider ënnerstëtzen an d'Verbindung tëscht de Massendénger aus de verschiddene Pare stäerken.

cathol.lu/massendenger

Kontakt: massendenger@cathol.lu