Legendentour (Fotogalerie)

" Matt schwèierer Uerbicht - zum deegelichen Brout " -daat war de Motto vun dem Frèijors Legendentour deen de Naturpark regelmèissig organisèiert.
Bei guddem Wieder an gudder Laun hun mer eis zu 33 mèih an manner Jonker no enger Taas Kaffi op Uewer - Marteling op de Wee gemeet.
D' Madame Angnès Hoogenhoot Presidentin vun de Frënn vun der Lee an hir Leit hun eis matt vill Engagement an Wëssen durch die verschidden Gebeier vun der Leekaul gefèiert,mer waren eroof an die eelsten Kaul Rosset - Nanquette an hun do gespiirt wèh schwèier et war do ze schaffen.Eng Visite hei op dësem Site ass enorm interessant , mèh ech mengen mer waren alleguer frou neck hei hun missen eis deeglich Kuscht ze verdingen.Eisen groussen Respekt un all die Lèit die do geschafft hun, awer och fir all die elo un der Restauratioun vun de Leekaulen schaffen.
An der beschter Stuff vum Reidingshaaf dem Rest.Flèiber zu Baschelt huet eent exelent Mëttigiessen matt regionalen Produter op eis gewaart.
Am Nomëttig waren mer op der Millen zu Hollange op Besuch. D'Madame Adrienne Delacroie huet eis d'Uerbicht vun dëser 600Joer aaler Millen erklärt,Sie huet eis gesoot datt Sie besonnesch matt Leit aus den Dierfer,die sos keng Uerbicht fannen, ging schaffen.Mer hun eis an der aaler Millen emgekuckt an hun och hirt gutt Spelzbrout an Zockertaart geschmaart.E nettlich vun deenen Brout an Taarten sin mat eis heem gefuer an hun Sonndes beim Kaffi gutt geschmaart.Op der Hollanger Millen ass een emmer wëllkomm,et ass op allefall der Mèi wärt de ganzen Site kucken ze gon.
De nägsten Legendentour ass Samstes den 22.September,also avis aux amateurs.
Dësen Tour an nach vill annerer können beim Naturpark Uewersauer gebucht gin Tel.899331-1