Käler Wëllef zu Texel

Haut wollte mer d'Wëllef méi laang schlofe loossen, si wollte nët. Nom OWK sin d'Charge gemaach gin an Inspektioun. Duerno hu mer eis mam Velo Richtung De Cocksdrop gemaach bei de Leuchturm. Hei wollte de mer kuerz op d'Plage goen, mee de Reen huet eis do e Strich duerscht d'Rechnung gemaach, déi hu mer du missen am Café bezuelen.

46 gudd wuarm Téi fir 90€ wuare nët ze deier. Duerno si mer Richtung de Sluivter gefuer, wou de Bert vum ECOMARE op eis gewuart huet, Hien huet eis de Sluivter gewiesen an erklärt. Just dat mam Koren am Strand (Fëschen um Strand) ass nët esou gudd bei de Wëllef a bei de Chef ukomm.

D'Wëllef hu fonnt dat et fir si ze langweileg wuar well si nët esou aktiv konnte matmaachen. Zeréck um Chalet, no 27 km Velo, hu mer gudde Fësch mat Reis, Cornichong's Zalot an Dëllzoss kritt. Owes ass nach e Nuetsspill gemaach gin iwwert déi Villecher déi ët op der Insel gin. Um 22Auer30 wuar Nuetsrou.
A muar ass en aneren Dag.