Kayler Wëllef op Texel

Moien. Hei si mer erëm.
Nom OWK an de Chargen si mer erëm op eisen Drotiesel geklommen. Mer sin an den Eureka gefuer. Dat ass esou ee groussen Orchideen, Vullen an Gräifvullenvivarium. Nët ganz proper, nët ganz grouss awer trotzdeem interessant. Duerno si mer Richtung Krassekeet weidergefuer, wou eis Kachéquipe mam Iessen op eis gewuart huet. Duerno huet Dörte op eis gewuart fir mat eis eng Wattwanderung ze maachen. Déi zweet Stonn vun der Wattwanderung hu mer e Concour mat der anerer Equipe gemaach, wien déi meeschten Kriepse fëscht. A wien huet gewonnen. Natiirlech mer Käler. Mer haten 87 Kriepse gefangen. Duerno hu mer nees e Concour gemaach: Mam Velo géint de Wand: Gläichstand. No de Fajitas si mer du nach schnell op de Strand gefuer fir de Sonnenënnengang ze gesin. Wéi mer erëm um Chalet wuaren, hun d'Kanner nach hir Zänn gewäsch a sin an d'Bett gaangen. 25 km Velo hu mer haut gestrampelt, mol mam Wand, mol géint de Wand.
A muar ass en aneren Dag.