Summercamp Käler Wëllef op Texel

D'Käler Wëllef sin e Samschden gudd op Texel ukomm. Nom Ariichten am Chalet ass Owes nach ee Nuetsspill gemaach gin.

Sonndes den 29. Juli ass et nom OWK mam Velo Richtung Paal 21 gaangen. Si hun vum gudden Wieder profitéiert a si Gruppeweis mat hire Chef an d'Mir gaangen.
Géint 12 sin si zeréck op de Parking gaangen wou d'Kachéquipe hinen de Schwéngsgoulasch a Containeren bruet huet. Mëttes sin op der Plage nach Draachen fléie gelooss gin an et ass e Buergbaueconcour gemaach gin. Owes nom Iessen a no de Chargen ass nach e Nuetsspill gemaach gin wou d'Robben no Loft hu misse schnapen.

Méindes den 30. Juli si mer moies géint 9Auer30 mam Velo Richtung ECOMARE gefuer, wou mer moies eng Aféierung iwwert d'Insel Texel kritt hun an duerno den ECOMARE mat hiren Aquarien, Robben, Biller, Skletter...... besicht hun. Mëttes no de Strandbréidecher hu mer Erklärungen kritt wéi d'Robben opgebaut sin, wat se iessen, wou se liewen, wat fir eng 2 grouss Zorten et gin....... an duerno si mer nach duerch d'Opfänkstatioun gaangen wou mer erklärt kritt hun wat mat deenen klenge Robben geschitt déi d'Awunner vun Texel um Strand fannen an duerno hu mer nach konnten nokucken wéi d'Robbe gefiddert gi sin. Nom Nuetsiessen (Uromas Gehackballen mat Polenta) hu mer nach T-Shirte gemoolt an Schrumpffolien gemaach.
A muar ass e nächsten Dag.