Léiffrawëschdag

Wéi all Joer hunn d‘Frënn vum Kielener Brennereismusée op Maria-Himmelfaart 2023 de Wësch gemaach. Nieft Feldfriichten a verschiddene Kraider, koumen och nach eng Muert an eng Ënn an de Wësch. Nodeems d‘Wësch gebonne waren, goufe se an der Mass zu Kielen an der Kierch geseent an duerno dann un déi Leit verdeelt, déi ee bestallt haten. Des al Traditioun, déi mëttlerweil zum Unesco-Weltkulturierwen gehéiert, gëtt duerch des järlech Initiative erhalen.

https://lb.wikipedia.org/wiki/L%C3%A9iffraw%C3%ABschdag