Uebstbam-Schnëttcours organiséiert vun de Frënn vum Brennereismusée, Kielen

D'Frënn vum Brennereismusée vu Kielen an d'Natur an Ëmwelt vun Tënten haten e Samschden, den 4. Mäerz 2023 en Uebstbamschnëttcours am Bongert beim Monique Gudenkauf op Sayerhoecht zu Tënten. Zirka 60 Leit haten sech iwwert den Dag afonnt fir vum Joël Adam gewisen ze kréien wéi een Uebstbam schneit. Och kruten d'Leit Informatiounen iwwert natierlech Schädlingsbekämpfung. Enner anerem hu mir och nach zwee Mirabellebeem geplanzt. Bei engem gudde Patt, engem Maufel vum Grill an enger Taass Kaffi-Drëpp mat Dessert gouf e flotten Dag ofgeschloss.