Sicht Dir eng sportlech Erausfuerderung a wëllt gläichzäiteg eppes Guddes maachen? D'SFSL - Squash Factory Schengen-Lëtzebuerg Asbl organiséiert en aussergewéinlechen Evenement am Kader vum Télévie: "Mir squashen géint de Kriibs". Dësen Nomëtten, deen den 8. Mäerz 2025 am CK Sportcenter Kockelscheuer stattfënnt, verbënnt Sport a Solidaritéit op eng eenzegaarteg Manéier.
Tëscht 14:00 a 17:00 Auer kënnen d'Participanten eng 45-Minutte-Squash-Sessioun erliewen, déi vun erfuerenen SFSL-Trainere begleet gëtt. Fir Ufänger gëtt et eng professionell Aféierung an dëse dynamische Sport, a Raquettë kënne geléint ginn.
D'Participatioun gëtt integral un den Télévie gespent. Duerch déi wäertvoll Ënnerstëtzung vum CK Sportcenter Kockelscheuer, déi hir Infrastruktur zur Verfügung stellen, ass et méiglech dësen Evenement ënner optimale Bedingungen ze organiséieren.
D'Plazen si limitéiert, duerfir ass eng Umeldung bis de 5. Mäerz 2025 erfuerderlech. D'Umeldung erfollegt iwwert den Online-Formular, deen Dir iwwert de Link (https://forms.gle/TcSGmodZE7CgQC7G9) oder QR-Code fannt. D'Bezuelung erfollegt per Iwwerweisung op de Kont BCEELULL IBAN LU07 0019 6055 2546 6000 no der Umeldungsbestätegung.