D'Frënn vum Chrëschtbeemchen spenden un d'Associatioun Trauerwee

Käerch: Ufanks Dezember 2022 hunn sech wéi gewinnt d‘Frënn vum Chrëschtbeemchen beim Aloyse zu Käerch getraff. Nodeems si am Bësch hire Bam der Traditioun no selwer ofgeseet hunn, hunn si sech vun dëse Strapazen bei Glühwäin an Ierzebulli erëm opgewiermt a gestäerkt. Wéi all Joer hunn si d‘Suen vum Iessen a Gedrénks fir ee gudden Zweck gespent.

E Samschden, de 4. Februar 2023, konnten esou d'Frënn vum Chrëschtbeemchen der Associatioun Trauerwee e Scheck vun 2.000 € beim Aloyse um Haff iwwerreechen.

Weitere Neuigkeiten von Trauerwee Asbl >