Flotten Concert vun der Militär Musek am Gréiweschlass zu Käerch

Frënn vun der Militär Musek zesummen mat de Käercher Schlassfrënn an der Gemeng Käerch hunn op e flotten Concert vun der Militär Musek am Greiweschlass zu Käerch invitéiert. Och an de kommende Woche waart nach e flotte Programm am Gréiweschlass. Esou den 10 September mat engem literareschen Concert vum Trio Dora iwwer Clara Schumann, eng Co Produktioun vum Mierscher Kulturhaus Billetterie a Reservatioun hei . Dann den 17 & 18 September Tempus Mediaevale am Gréiweschlass, e Mëttelalter Fest fir grouss a kleng mat gratis Entrée. All weider Informatiounen um www.ksf.lu