SEPTEMBER PROGRAMM 2022 AM KÄERCHER GRÉIWESCHLASS

Och am September offréiert Gréiweschlass zu Käerch e flotte Programm.


Esou invitéieren den 2. September um 20.00 Auer d ’Frënn vun der Militärmusek ob e Concert ënnert der Leedung vum Capitaine Christian KIRPES.

Solist um Duddelsak AdjMaj Roby HINGER.

De Concert fënnt am Kader vum 25. Anniversaire vun der

Asbl d’Frënn vun der Militärmusek statt an Zesummenaarbecht mat de Käercher Schlassfrënn.

Den Entrée ass fräi.


Den 10. September um 19.00 Auer am Gréiweschlass zu Käerch CONCERT A LIESUNG ennert dem Titel

VON EWIGER LIEBE -

Mat dësem literaresche Concert wëllen den Trio Dora

(Annalena Castagna - Piano, Carole Mallinger-Leyers - Gei, Yves Tordy - Cello) an

d‘Schauspillerin Fabienne Hollwege der Komponistin a Pianistin Clara Schumann

wierdegen. Hier Biographie, déi ganz enk mat där vun hirem Mann

Robert Schumann an där vun hirem Frënd Johannes Brahms verbonnen ass,

ass esouwuel tragesch wei inspiréierend. Gefaangen an enger Gesellschaft déi vu

Männer geféiert a bestëmmt gëtt, kämpft si hiert Liewe laang fir hier Rechter an hier

Onofhängegkeet.

Mat dësem Concert wëllen déi véier Artisten, unhand vu Kompositiounen, Bréiwer

an Zitater aus den Tagebicher vum Clara Schumann, e liewegen an ergräifende

Portrait vun dëser aussergewéinlecher Fra erstellen. De literaresche Concert

«Von ewiger Liebe» ass eng Co-Produktion mam Mierscher Kulturhaus.

Entrée : 20 € - Jugendlecher ënnert 12 Joer gratis - Oweskeess ab 18.30 Auer

Reservéieren kann een den Ticket direkt online iwwert www.ksf.lu


Den 17 & 18 September mécht den Tempus Mediaevale den Ofschloss vum Summerprogramm 2022 am Gréiweschlass zu Käerch

Den Entrée fir dëst Mëttelalter Fest em an am Gréiweschlas zu Käerch ass gratis och hei all weider Informatiounen um www.ksf.lu oder www.tempus.lu