Zesummen waren si zu Kéinzig an der Spillschoul

De Samsden, 21 Oktober hun sech d'Jongen an d'Meedercher, déi 1972/1973 zu Kéinzeg an d'Spillschoul gang sin, op hirem 5ten Konveniat erëm gesin.

Nodeems mir vum Buergermeeschter, dem Här Michel Wolter, op der Gemeng Kärjeng bei engem Eierewäin empfange goufen, hu mer, zesummen mat eisen deemolge Schouljoffren a Schoulmeeschtren, bei engem gesellege Maufel vill schéin Erënnerungen ausgetosch.

Mer hun eis versprach datt bis zu eisem nächsten Treffen keng 5 Joër mei giffe vergoën.