De Jos Turpel vu Lellig huet séng 90 gefeiert

Op Ouschterméindeg konnt de Jos Turpel, allgemeng bekannt als de Schmatt vu Lelleg, séng 90 Jar bei beschter Gesondheet feieren. Duerfir haat hien op Bech an de Restaurant Steinmetz agelueden an si waren all komm, Famill a Frënn fir hien ze feieren. Besonnesch séng Sängerfrënn vun der Chorale Lelleg-Manternach, wou hien zanter éiwegen Zäite séngt an déi Lelleger Chorale présidéiert, waren ugetratt fir him mat engem Ständchen ze gratuléieren. D’Zolverknapp-Bléiser hu fir Stëmmung gesuergt an de Jos huet den Takt zur Amboss-Polka mam Hummer um Amboss geschloen. Hien, deen e Liewe laang an der Schmëtt gewuddert huet, kann et och haut nach net loossen. An op Päischtdënsdeg huet hien zu Iechternach de Prozessiounstour mat de Sänger an duerno nach eng Kéier mat sénger Par gemaach. D’Chorale Lelleg-Manternach wënscht him nach vill schéi Jaren um Duxall an an der Schmëtt.