Generalversammlung vun de Chorale Lellig a Manternach

Nodeems d’Chorale Lellig-Manternach den 3. Mäerz d’Teleesmass an der Manternacher Kierch gesongen haat, hunn déi zwee Veräiner, déi zanter 1990 erfollegräich zesumme schaffen, owes hir Generalversammlungen am Centre culturel zu Lellig gehalen. Dobei konnt op eng lieweg Aktivitéit am leschte Jar zréckgekuckt ginn. Besonnesch positiv ass vermierkt ginn, datt a leschter Zäit e puer nei Membren derbäi komm sinn. Den Deche Claude Bache, deen déi zwee Dierfer betreit, huet alle Sängerinnen a Sänger an dem Dirigent merci gesot fir hiren Asaaz am ofgelafene Jar an si encouragéiert, sou weider ze fueren. Duerno ass et an engem Restaurant zu Gréiwemaacher un den Dësch gaangen an den Owend huet gastronomesch a geselleg an enger flotter Atmosphär säin Ofschloss fonnt.