Generalversammlung vun de Chorales Lellig-Manternach

Viru kuerzem hunn déi zwou Chorallen Lellig a Manternach hir Generalversammlungen am Centre culturel Kräizstrooss zu Lelleg ofgehalen. Duerno war et e flott Zesummesinn bei engem gudde Maufel a Patt um Wormerberreg. Déi zwou Chorallen, déi zanter méi wéi 30 Jar zesumme sangen, wëllen och am neie Jar hiert Bescht ginn, fir de Gesank héich ze halen.