Viru kuerzem huet den Norbert Weydert séng 80 gefeiert. Hie spillt meeschtens d'Uergel zu Manternach a Lellig an duerfir hunn d'Membre vun deenen zwou Choralle Lellig a Manternach him no der Mass als Merci fir séng Assazbereetschaft en Happy birthday gesongen an e Cadeau iwwerreecht, an dat an der Hoffnung, datt dat nach laang sou weider goe kann.