Kiercherot Lellig seet dem Jempi FAUST Merci

No 41 Jar treiem a gewëssenhaftem Déinst am Kiercherot vu Lellig huet de Jempi Faust décidéiert, an d'Pensioun ze goen an engem méi jonken séng Plaz ze iwwerloossen. An der Samsdesowesmass vum 14. Mäerz 2015 hunn de Kiercherot, d'kierchlech Gemeinschaft an d'Gemeng him Merci gesot an hien huet dobei e klenge Cadeau iwwereecht kritt. Duerno huet de Kiercherot vu Lellig e Patt zum Beschte ginn. En Nofolger ass och scho bestëmmt: De Roland FAUST, dem Jempi säi Fils, dee bekanntlech staark am Rettungswiesen engagéiert ass, awer och déi Lelliger Uergel meeschterhaft spille kann, wann et néideg ass. Hien trëtt säin Déinst un an enger Zäit, wou e grousst "Fragezeichen" iwwer der Zukunft vun de Kierchefabrécken an de Kiercheréit hänkt. Mee wéi seet d'Sprëchwuert: Et ass nach nie eng Zopp sou waarm geess ginn, wéi se gekacht ginn ass. Merci Jempi a Courage Roland!