ARC-Ausstellung am Kader vun der 30er Editioun vum Lellger Konstfestival

De 19. Juni war d’Erëffnung vun der Ausstellung vum ARC-Kënschtlerkreess zu Lellgen am Kader vum Konstfestival, den all Joers op Nationalfeierdag stattfënnt. Fir des 30. Editioun war um Virowend och déi Groussherzoglech Koppel op Lellge komm an huet eenzel Ausstellungsuerter besicht, dorënner d'Ausstellung vum ARC, woubäi de President an e puer vun de Kënschtler och d'Éier haten, de Grand-Duc a seng Fra perséinlech ze begréissen.

Déi flott an ofwiesslungsräich Ausstellung an der Schmattscheier huet 17 Kënschtler presentéiert a war bis den 25. Juni op fir Visiteuren.

Bei dëser Ausstellung ware Wierker vu folgende Kënschtler ze gesinn: Dan Altmann, Dany Blasen, Valentino Camarda, Fabienne Goerens, Anne-Marie Grimler, Margot Guion, Marina Herber, Assy Jans, Jilly Kevo, Serge Koch, Jessie Lang, Siham Menhem (Invité), Margot Reding-Schroeder, Ingo Schandeler, Alessio Sciamanna, Günseli Tocker, Zahrée Veerman. Ausgestallt war och d’Konschtwierk vum Valentino Camara dat um Pouster vum zweete Konstfestival 1992 ze gesi war.