Ausstellung vum Eli Benveniste a Pit Wagner zu Veianen

En Donneschdeg de 16. Juni waren déi éischt Virbereedunge fir den Opbau vun der Ausstellung Benveniste-Wagner an der Veiner Konstgalerie. Freides a Samschdes krut d’Ausstellung hire leschte Schlëff. Dräi Membere vu ViArt waren déi Deeg op der Plaz an hu mat de Kënschtler zesummen d’Ausstellung opgebaut. Besonnesch bei enger Kombinatioun vu Biller a Skulpturen ass d’Zesummespill vun den eenzele Konschtwierker wichteg, well net nëmmen d’Mauere mee och de Raum bespillt gëtt.

Wéi gewinnt ergänzen déi zwee Invitéeën sech gutt: déi frech Buerfouss-Skulpturen vum Eli Benveniste spillen de naturalistesche Biller vum Pit Wagner, déi zum engen d’Natur zum anere benotzte Schong duerstellen - zou. Schong déi en eegene Charakter entwéckelen, an eng Erënnerung sinn un déi Uerter, un déi se hire Besëtzer gedroen hunn.

Um Sonndeg de 19. Juni vu 14 - 18 Auer war de Vernissage vun där flotter Ausstellung, musikalesch begleet vum Simon Hoffmann um Piano

De Pit Wagner ass 1954 zu Lëtzebuerg gebuer an huet Graphic design an Illustratioun un der Gerrit Rietveld Academie zu Amsterdam studéiert.

Hien ass Zeechner a Moler, schafft awer och mat Drockgrafik, mécht Illustratiounen a Bicher. Seng Schong si fir hien eng Erënnerung un déi Plazen, un déi se hie gedroen hunn, si entwéckelen doduerch en eegene Charakter: "Shoes adapt to the shape of the bearers feet, and to the way they are used. Worn shoes have specific forms and they have an individual character, shared with the owner.” Se ze molen, ass fir hien eng Hommage un hier geleeschten Déngschter a mécht him et méi einfach, sech vun ausgedéngte Schong ze trennen. Goen ass fir hien eng Meditatioun, déi Energie a Gedanke fräisetzt. Eng Plaz ze molen ass eng aner Form vun der Meditatioun, wou hien sech op déi Plaz aléisst a ganz do ass: “You take the time to be there. You look at things, discover links between shapes, colors, lines, light and ambiance. The plants, the stones, the ground, the air, and your shoes at the fringe of the image. Sometimes I feel like translating the sketches in big and in color. I work barefoot whenever the conditions allow it." De Pit Wagner schafft vill mat Skizzebicher, mat Tusch a Waasserfaarf zeechent hien d’Liewen op der Strooss, op Reesen oder iwwersetzt Klang a Biller.

D’Eli Benveniste ass 1961 zu Kopenhagen an Dänemark gebuer a wunnt an Italien. Sie ass Member vun der Dänescher Kënschtlervereenegung “Koloristerne”, hier éischt Ausstellung hat Sie 1988 bei de Veksølund Sculpture Parks summer exhibitions.

Fir Sie ass e Fouss fir sech schonn eng Skulptur, e Fouss eleng kann eng Verfassung oder eng Situatioun ausdrécken, ouni dat een e Gesiicht oder de Rescht vum Kierper muss gesinn: “A form which closes upon itself in a very natural way. I discovered feet could be turned upside down, stand, lay and be distorted in every way and be expressive even with a few touches.” Déi pinkfaarweg Féiss si Balletsféiss, sie kënnen net aleng op der Spëtzt stoen a mussen dofir zu zwee opgestallt ginn. Hier éischt Serie vu Féiss huet Sie am Summer 2020 an der Galerie Klein zu Bornholm an Dänemark gewisen. Duerno sollten se zu Kopenhagen ausgestallt ginn, wat duerch d’Pandemie leider net méiglech war.

Elo sinn d’Skulpturen zu Veianen ausgestallt. Sie sinn dofir separat aus Italien ugereest an et war eng logistesch Erausfuerderung, fir déi schwéier Këschten aus der Camionnette an d’Konstgalerie ze kréien. Ouni d’Giraff aus dem Marie-Josée Kerschen sengem Atelier wier dat net méiglech gewiescht.

D’Erliichterung war grouss, wéi d’Këschte konnten opgemaach ginn, a kloer war, dat all d’Skulpture ganz ukomm waren.

De Finissage vun der Ausstellung ass um Sonndeg den 10. Juli 14:00 Auer.

Infoen iwwert dës a weider Ausstellunge fannt Dir op: https://viartvianden.wixsite.com/viart/art-gallery


Fotoen: Ausstellung: Guy Martin; Opriichten: Zahrée Veerman, Christiane Schmalen