Schlepper Oldies Éisléck haten invitéiert

Op hirt Trecker- an Oldtimertreffen haten "d'Schlepper Oldies Éisléck" viru kurzem op Léiler invitéiert. Ganz vill Oldtimerfrënn vun Trakteuren- Motorréider an Autoen waren deser Aluedung och ganz gären nokomm. Moies nom Kaffi gong et lass mat enger naturvebonnener Rondfahrt durch d'Gewaan mat denen schéinen Diefer duerch d'Gemeng. Am Verlaaf vun enger klenger Verschnaufpaus stong eng ganz interessant Besichtigung mat detailléiert Erklärungen vun de Gebridder Eilenbecker vun der "Ourdaller" Produktiounsanlagen zu Kalborn,um Programm. Am Nomëtteg waren dunn och vill Oldtimerfrënn op Léiler komm, fir di schéin restauréiert Gefierer aus dem Land an och aus dem noen Grenzgebiet ze bewonneren. Géint der Owend konnt den Organisator mat hirem President Félix Klasen a sengem Team ganz zefridden sin vum groussen Erfolleg vun dem schéine Fest. (CR (Photo: Charles Reiser)