Uschléissend un hir Generalversammlung déi kierzlech am alen Tramsschapp um Lampertsbierg ofgehale gouf, war dunn den Depart fir hiren Trëppeltour. Esou konnt een flott Erklärungen zu Gebaier kréien wou een am Alldag der laanscht geet a sech munchmol freet wien huet hei gelieft, wien huet dat gebaut a wéi al ass dat Gebai?
E flotte Grupp war der Invitatioun no komm an dat bei sonnegem Wieder an hu sech begeeschtert gewisen iwwert d'Geschicht vum Lampertsbierg.
Den Nomëtten ass duerno bei enger gemittlecher Agape ausklénge gelooss ginn.
Informatiounen a Kontakt Méiglechkeeten fannt dir op lampfrenn.lu