Kierzlech haten d'Friends of Patton's 26th Infantry Division op hiren Night Vigil invitéiert
Ënner den strikten agehalenen "mesures sanitaires" ass en och dëst Joer nach eng Kéier am klengen beim Monument Battle of the bulge virun der Fondation Pescatore a Presenz vun der Ambassadrice der Madamm Fleur Thomas vun der Englescher Ambassade, dem Deputy Chief of Mission dem Här Casey Mace vun der Amerikanescher Ambassade, der Madamm Helen Patton an dem Här Maurice Bauer als Vertrieder vun der Stad Lëtzebuerg ofgehale ginn.
No der Begréissung vun den Éieregäscht an no den Usproochen sinn dunn zesummen d?Blummen niddergeluecht ginn an dat ënner de Kläng vun der Sonnerie aux morts gespillt vum Här Edmond Faber.
Zum Schluss gouf nach emol bekräftegt dass all Joer eppes gemaach géif ginn a mir hoffen dass mer et geschwënn nees am groussen kënnen organiséieren wa mer duerch d’Pandemie sinn.