Floumaart mat grousser positiver Resonanz

Kierzlech haten d'Lampertsbierger Geschichtsfrënn nees op hiren traditionelle Floumaart invitéiert a ganz vill Leit ware komm.

Hinnen ass et och net anescht gaangen wéi anere Veräiner an esou haten och si eng "Pandemie" bedéngte Paus an d'Organisateuren ware frou wéi et nees lass gaangen ass.

Et haten sech eng ronn 50 Aussteller afonnt fir hir Saachen ze presentéieren. Mir soen all de Leit Merci fir d'matmaachen an all de Visiteuren Merci fir dee flotten Dag.

De nächste Rendezvous steet (wann näischt méi dertëschent kënnt) scho fir 2024 fest.

Informatiounen iwwert de Veräin fannt dir op lampfrenn.lu oder op der facebook Säit Lampertsbierger Geschichtsfrënn

Christian Junck

LGF