Grousst Sängertreffen um Lampertsbierg, 15.6.2014

Am Kader vum Centenaire vun der Chorale Sainte-Cécile Lampertsbierg, huet en grousst Sängertreffen e Sonndeg, de 15. Juni 2014 an der Porkierch um Lampertsbierg stattfond.

Ennert dem Patronage vum Piusverband hun folgend Choralen deelgeholl:

*Chorale Sainte-Cécile Bouneweg, ennert der Direktioun vum Luc Nilles
*Chorale Sainte-Cécile Jonglenster, ennert der Direktoun vum Luc Nilles
*Chorale Sainte-Cécile Lampertsbierg, ennert der Direktioun vun der Dr Adriana Dragan
*Chorale Sainte-Cécile Réiser, ennert der Direktoun vum Christina Becker
*Chorale Sainte-Cécile Stroossen, ennert der Direktioun vum Thomas Raoult

Matt vill Humor duerch de Programme geleet huet den Här Marc Camy, President vun der Chorale Sainte-Cécile Lampertsbierg.
Un der Uergel huet de Patrick Colombo sein Talent bewisen.
D'Réceptioun fir d'Sängerinnen an d'Sänger war am 'Tramsschapp'. Bei engem gudden Patt huet een sech besser kennegeléiert. Vill Leit hu fond, dass een sou eng Experienz méi oft widderhuelen kéint.

Et war eng immens schéin Erfahrung. Haptsächlech dat lescht Lidd, wat all d'Choralen zesummen gesongen hun: 'Preiset froh den König' vum Henry Purcell huet fir rieseg groussen Applaus gesuergt. Eng 'Zugabe' ass duerch Klappen gewönscht awer net accordéiert gin, anscheinend get et keng 'Zugabe' an de Kierchen...;-)

Net ze verpassen, déi nexte Kéier!