Balou siicht en Doheem

Coucou, ech heeschen Balou an sinn en Mix vun Zwerg-Spitz deen als Welpen vill ze fréih vu menger Mamm eweggeholl gouf. Dorënner wärt ech mäi ganzt Liewen leiden. Ech hunn doduerch e puer Naupen déi trotz Training an Medizin-Check net ganz ewegginn wéi emol doheem markéieren, onsecher sinn, non-stop am Krees dréihen. Ech sinn e léiwen Kärrel mat Mënsch an Déier an siichen en Doheem bei aktive Läit, déi Haus a Gard hunn. Ech bille mat Momenter wat an engem Appartement net optimal ass. Ech sinn 6 Joer jonk an kastréiert. Méi Infos bei Amiavy ënnert der N.: 621743773