Charity Run vun der Schoul Lenkeschléi zu Diddeleng

D’Schoulkanner aus der Schoul Lenkeschléi hu beim Charity Run, deen si organiséiert hunn, alleguer eng fantastesch Leeschtung bruecht. D’Kanner hunn sech een oder méi Donateuren erausgesicht a fir all Ronn déi si gelaf sinn, hunn si eng Spend fir Ile aux Clowns gemaach.Dës groussaarteg Spend gouf op hirem flotte Schoulfest iwwerreecht. Zwee vun eise Clowne goufen agelueden, fir dëse generéisen, selwer gebastelte Scheck am Wäert vun 13.250 € entgéintzehuelen.Déi ganz Ekipp vun Ile aux Clowns seet de Kanner, den Donateuren an dem Léierpersonal aus der Schoul Lenkeschléi nach eng Kéier e ganz grousse Merci. Mat dëser generéiser Spend kënnen erëm vill Kanner an de Spideeler e Laachen an d’Gesiicht gezaubert kréien an e puer schéi Momenter mat de Clownen erliewen.