Generéise Bäitrag fir d’Aarbecht vun de Spidolsclownen vun der Île aux Clowns

Donneschdes, de 5. Mäerz 2026, hat d’Île aux Clowns d'Éier, e prächtege Scheck vun der Associatioun Gaart an Heem Sennengerbierg ze kréien.

Dës Generositéit an Ënnerstëtzung bedeit fir d‘Associatioun immens vill.

Ënner anerem Dank esou engem wäertvolle Bäitrag kënnen d‘Spidolsclownen d‘Beneficiairen och weiderhi gratis Visitten ubidden an hier Engagement fir déi Leit, déi Hëllef brauchen, nach verstäerken.

D’Associatioun Île aux Clowns seet Villmools Merci fir d‘Vertrauen an d’Solidaritéit.