Aus der Generalversammlung vun der Société de Chant « CAECILIA » Merl-Belair
Viru kuerzem war d’Generalversammlung vun der Société de Chant « CAECILIA » Merl-Belair, an där de President Guy Greivelding all Memberen awer och d’Vetrieder vun deenen anere Chorallen aus de « Chorales d’hommes réunies Luxembourg » begréisst huet, besonnesch de Romain Henrion, Delegéierte vun der UGDA.
An enger Gedenkminutt gouf un all d’Éierememberen a Frënn, déi eis d’lescht Joer verlooss hunn, geduecht, besonnesch awer un de Roger Brandenburger an den Nico Klein, zwou Stäipe vun de « Chorales d’hommes réunies Luxembourg ».
Nom Merci un Dirigentin, Josée Faltz-Wilmes, de Pianisten, Daniel Lang a Patrick Colombo, un d’Archivare Lambert Houwen a Prosper Mehlen an un all d’Membere vun deenen anere Veräiner, déi bei deene villen Aktivitéite present waren, gouf et nach ee spezielle Merci un d’Gemeng fir de Proufsall a fir de Subsid, dee mir all Joer kréien.
A sengem Aktivitéitsrapport huet de Sekretär John Stammet méi wéi 30 Aktivitéiten opgezielt an dobei besonnesch de grousse Succès vum Théodor Decker sengem Oratorium « La Vie de Jésus Christ » den 11. November 2018 an der Kierch um Cents, ënnerstrach. Dësen Oratorium gouf extra vum Patrick Colombo fir Männerchouer arrangéiert.
De Caissier Pierre Wilmes konnt a sengem Rapport eng gesond Finanzsituatioun presentéieren
Nom Rapport vun der Caisse-Kontrollesch Gaby Schmitz-Hammerel, goufen esouwuel de Rapport iwwert d’Aktivitéite wéi och dee vun der Caisse eestëmmeg vun der Versammlung ugeholl.
De Gusty Biren, de Guy Greivelding an de Pierre Wilmes goufen als Membere vum Comité confirméiert an den Änder Butler gouf als nei Member opgeholl. Als Caisse-Kontrollere goufen d’Maisy Schommer-Gaudnek an d’Gaby Schmitz-Hammerel erëmgewielt.
Duerno huet de Romain Henrion, Delegéierte vun der UGDA, dës Medaillen iwwerreecht: fir 20 Joer, d’Médaille du Mérite en argent, un d’Häre Charel Hemmer an Tun Wagner, a fir 60 Joer d’Médaille en vermeil Grand-Duc Adolphe, un de Jang Zeimet, deen deen Owend awer leider net konnt present sinn.
Och fir 2019 sinn erëm vill Aktivitéiten um Programm, ënner anerem, gëtt den Oratorium « La Vie de Jésus-Christ » de 7. Abrëll an der Kierch zu Miersch an de 14. Abrëll an der Kierch zu Réimech opgefouert. Dann ass den 18. an 19. Mee, am neie CELO zu Hesper, ee Concert zesumme mat der Musek vun Hesper, mat Filmmusek vum Ennio Morricone