Dräi interessanter Deeg zu Paräis

Vum 20. bis den 22. September hat « d’Amicale du Personnel Retraité du Groupe ENCEVO, anciennement Amicale du Personnel Retraité de CEGEDEL » eng Excursioun mam TGV op Paräis gemaach, dëst am Kader vum 25ten Anniversaire. Den éischten Dag war eng Visite guidée vu Paräis um Programm wou mir Geleeënheet haten, déi immens Vue vun der Terrasse vun der Tour Montparnasse op Stad Paräis ze genéissen. Den zweeten Dag hate mir eng ganz interessant a « lieweg » Visite vum Kierfecht Père Lachaise mat eisem fantastesche Guide Thierry Le Roi. Samschdes si mir nach de Panthéon kucke gaangen. D’Leit haten all Dag och nach genuch Fräizäit fir Shoping ze maachen oder vun dem gudde Wieder ze profitéiere fir duerch déi herrlech Parken a Gäert ze spadséieren oder laanscht d’Seine ze trëppelen. Besonnesch appreciéiert gouf awer och d‘Dîner-croisière déi mir Freides Owes iwwert d’Seine gemaach hunn.