De Jean-Pierre Reuter ass net méi President vun der Douane’s Musek

Déi 26. Generalversammlung vun der Douane’s Musek zu Kolmer-Bierg stoung ganz am Zeeche vum ‎Jean-Pierre Reuter, deen zanter der Grënnung de 15. Oktober 1993 de Presidenteposte bekleet huet. ‎A sengem perséinleche Réckbléck ass hien op déi fir hie wichtegste Momenter agaangen an huet sech ‎bei allen Acteuren déi hien op deem 26 Joer laange Wee begleet hunn. Leider hunn an all deene Joren ‎och eng etlech vun deenen 125 Musikantinnen a Musikanten, déi an der Douane’s Musek ‎matgewierkt hunn, eis fir ëmmer verlooss an déi net vergiess sinn. Mam Verspriechen der Douane’s ‎Musek als Musikant erhalen ze bleiwen a mat Rot an Dot zur Säit ze stoen, huet hien d’Geschécker ‎vum President an d’Hänn vu sengem Sekretär ginn, deen him bis op eng kuerz Phas vu 4 Joer déi ganzen ‎Zäit zur Säit stoung. Wéi an engem Film ass den Änder Friden op all déi schéin a wonnerbar ‎Erënnerungen agaange fir déi de Jean-Pierre Reuter responsabel war éier hien vun der ‎Generalversammlung ënner groussem Applaus zum Éierepresident genannt ginn ass. Niewent ganz ‎villen anere Musikanten déi deen Owend geéiert gi sinn ass de Jean-Pierre Reuter mat der ‎Sëlwermedail fir 25 Joer vum President André Heinen vun der USMVL – Union des Sociétés de ‎Musique de la Ville de Luxembourg ausgezeechent ginn. Als grouss Iwwerraschung huet de President ‎Gilbert Girsch vun der UGDA dem Jean-Pierre Reuter fir seng exemplaresch Aarbecht de “Chevalier de ‎l’Ordre Européen du Mérite Musical” iwwerreecht.‎
D’Rapporte vum Sekretär Änder Friden a ‎Keessier Henri Nimax sinn eestëmmeg vun der ‎Generalversammlung ugeholl ginn. Nodeems ‎eng kleng Ännerung vun de Statuten och ‎eestëmmeg ugeholl ginn ass konnten déi nei ‎Membere Fernand Bartemes a Romain Müller ‎niewent dem Claire Godart, dat scho méi laang ‎derbäi ass, als Net-Douanieren am Comité ‎opgeholl ginn. A sengem Merci un d’Musikanten ‎an Usporn fir déi nächst Saison huet den Dirigent ‎Markus Willems net vergiess dem Vizepresident ‎an Archivar Jean-Marie Waldbillig e grousse ‎Merci auszesprieche fir seng Aarbecht mat de ‎Partituren.‎

Éier den neie President Änder Friden d’Generalversammlung op d’Iessen am Restaurant Neptwone ‎invitéiert huet, ass hien a sengem Schlusswuert nach eng Kéier op den héijen Altersduerchschnëtt vun ‎der Douane’s Musek agaangen an huet sech gewënscht all Musikant géif nach op d’mannst een anere ‎Musikant matbrénge fir datt d’Douane’s Musek erëm flott besat ass.‎