Doppelprogramm bei der Musel

Vum Villerchesgesank um Haff Réimech erop op e Patt um Goldbierg

Ëmwelt an entspaant e Pättche genéisse stungen um Programm vun der Summersortie 2023, op déi de Comité vun der Amicale des Anciens de Saint-Paul Luxembourg seng Membere fir Mëtt Juni invitéiert hat. Um zwou Auer hat um „Haff Réimech“ de Patric Lorgé, Vizepresident vun Natur & Ëmwelt, d’Naturintresséiert am Biodiversum Camille Gira empfaang an duerno si iwwer en ornithologeschen Entdeckungstur ëm ee vun de ville Séie gefouert. Et gouf sou vill z’entdecken, virun allem d’Villercheswelt laanscht an um Waasser. Wat en Ënnerscheed tëscht engersäits dem Alldag doheem mat de virschiddenen Zorte Kueben, der Kréi (däitsch: Elster) an dem Spatz, an anerersäits dem Klengen a Grousse Jäizert (Teichrohr- an Drosselrohrsänger), der Schwaarzer Graatsch (Mönchsgrasmücke), dem Ducker (Haubentaucher) an nach anere mat hirem wonnerbar schéine Gesank. - Duerno hat de Grupp (Foto: Roby Muschang) sech virum Chalet „Um Goldberg“ (Scheierbierg) vun der Wënzerfamill Benoît a Claude Kox erëmgesinn. Den ausseruerdentlech schéine Panorama iwwer Réimech a wäit iwwer d’Musel eraus, d’schéint Fréijorswieder an deen een oder anere Pättche Miseler haten dem Zesummesëtzen nawell zolidd Sëtzliëder gegierft, géint den Owend eréischt hate sech déi éischt op den Heemwee gemeet ...